Et ginn Nooriichten wat de Letzeburger Bauer betrëfft.
WeiterlesenKategorie: Bauernzentrale/Centrale Paysanne
CARTE BLANCHE VUM ASTRID LULLING
D’Madamm Lulling huet an hierer Carte blanche op RTL eng Lanz gebrach fir eis Baueren. E grousse Merci dass si net fäert, hier Meenung op d’Place public ze droën. Klickt op de Link fir d’Carte blanche ze lauschteren. https://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/a/1721770.html
WeiterlesenSCHNELLTESTS FÜR SAISONARBEITER
Die Beschäftigung von Saisonarbeitskräften ist für viele landwirtschaftliche Betriebe in Luxemburg ab Beginn der Vegetationsperiode von großer Bedeutung. Um einen geregelten Ablauf der Saison- und Erntearbeiten zu gewährleisten und das Risiko einer Verbreitung von COVID-19 zu vermindern, haben das Ministerium für Gesundheit und das Ministerium für Landwirtschaft, Weinbau und ländliche Entwicklung Richtlinien zur Anreise, Unterkunft und Arbeitsorganisation der Saisonarbeiter, sowie Informationsblätter mit Vorsichtsmaßnahmen in polnischer, rumänischer und bulgarischer Sprache veröffentlicht. Weitere Infos sind unter dem Link des Landwirtschaftsministeriums zu finden https://agriculture.public.lu/de/actualites/dossiers/2021/saisonarbeiter-erntehelfer-landwirtschaft-weinbau.html
WeiterlesenLSAP HUET D’BAUERENZENTRAL EMPFAANGEN
E weidert Treffe mat de politesche Parteien hat eng Delegatioun vun der Centrale Paysanne mat zwee Membere vun der LSAP, dem Tess Burton an dem Cécile Hemmen, déi och allen zwee an der Agrarkommissioun setzen. Ob der Foto geséit ee vu lénks no riets: Marc Fisch, 1. Vizepresident vun der Bauerenzentral; Cécile Hemmen, Deputéiert; Christian Wester, President vun der Bauerenzentral; Tess Burton, Deputéiert a Presidentin vun der Agrarkommissioun a Laurent Schüssler, Direkter vun der Bauerenzentral. Foto: LSAP
WeiterlesenSentinelle Raps vom 11. Mai 2021
D’BAUERENZENTRAL OP BESUCH BEIM ADR
Am Kader vun hiren Treffe mat de politesche Parteie war eng Delegatioun vun der Centrale Paysanne viru kuerzem beim ADR, wou iwwert d’Problemer an d’Erausfuerderunge vun de Bauere geschwat gouf.Ob der Foto geséit ee vu lénks no riets: Laurent Schüssler (Bauerenzentral), Fred Keup (ADR), Marc Kohll (Bauerenzentral), Joé Biever (Bauerenzentral), Christian Wester (Bauerenzentral), Jean Schoos (ADR), Jeff Engelen (ADR) a Fernand Kartheiser (ADR). Foto: ADR
WeiterlesenBAUERENZENTRAL BEIM LANDWIRTSCHAFTSMINISTER
Um Donneschdeg 29. Abrëll huet sech d’Spëtzt vun der Bauerenzentral mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider getraff fir iwwert aktuell Themen ze schwätzen. Eise President Christian Wester gëtt iech eng Zesummefaassung am Video. Fotoë si vum Landwirtschaftsministère.
WeiterlesenSentinelle Raps vom 27. April 2021
Foto: Dr. Eickermann
WeiterlesenEISE PRESIDENT ZU DE WËLDSCHIED
Hei am Link héiert dir eng Reaktioun vum Christian Wester op RTL zu de Wëldschied, déi dëst Joer weider zougeholl hunn. https://www.rtl.lu/news/national/a/1708787.html
Weiterlesen1. Sëtzung vum nei gewielte Comité
Den neie President Christian Wester hat viru kuerzem den neie Comité fir eng 1. Sëtzung zesumme geruff. Als 1. Vizepresident steet him de Marc Fisch zur Säit, als 2. Vizepresident de Guy Feyder. Déi eenzel Regioune gi vertrueden duerch den Eric Pesch (Kantoner Lëtzebuerg, Esch a Capellen), Marc Kohll (Réimech, Gréiwemaacher an Iechternach), Felix Miny (Miersch, Réiden an Dikrech) an Antoinette Reiff (Wolz, Klierf a Veianen). De Comité completéieren d’Apolline Hoffmann als Vertriederin vum SAF (Activités Féminines) an de Joé Biever (Service Jeunesse). Op der Foto erkennt […]
Weiterlesen