MIR GRATULÉIEREN DEM NORA FEYDER

Op Nominiéierung vum Landwirtschaftsministère gouf d’Nora Feyder vun der Liewensmëttel- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) als eng vun den „100 Heldinnen vun de Liewensmëttel- a Landwirtschaftssystemer an der ländlecher Entwécklung“ ausgewielt. Si gouf gëschter Donneschdeg bei enger Zeremonie am Sëtz vun der FAO zu Roum geéiert. Dës Initiativ, déi am Kader vum Internationalen Joer vun de Bauerenfraen 2026 lancéiert gouf, éiert 100 Fraen aus der ganzer Welt fir hiren aussergewéinlechen Bäitrag zur Landwirtschaft, zu Liewensmëttelsystemer an zur ländlecher Entwécklung. Am Ganzen hunn 131 […]

Weiterlesen

DE 15. OKTOBER ASS DEN INTERNATIONALEN DAG VUN DE FRAEN AM LÄNDLECHE RAUM

Si schaffen op de Felder, këmmeren sech ëm d’Déieren, produzéiere Liewensmëttel a droen zur Liewensqualitéit an eise Regiounen bäi. Trotz hirer wichteger Roll an der Landwirtschaft an an der Gesellschaft kréien d’Fraen an hir Leeschtungen net ëmmer déi Unerkennung, déi se verdéngen. Den 15. Oktober hunn d’Vereenten Natiounen zum Internationalen Dag vun de Fraen am ländleche Raum erkläert, fir op hir Bedeitung fir d’landwirtschaftlech Entwécklung, d’Ernärungssécherheet an d’Bekämpfung vun der Aarmut opmierksam ze maachen. Haut ass de richtege Moment, fir de Fraen an der Landwirtschaft […]

Weiterlesen

Dürre 2026: Landwirtschaftsministerium reagiert mit Erleichterungen für Landwirte

Entlastungen bei Konditionalität und bestimmten Beihilfen Die anhaltende Dürre stellt die Luxemburger Landwirtschaft vor erhebliche Herausforderungen. Neben der Verknappung von Futtermitteln erschwert die Trockenheit auch die Aussaat von Winterkulturen und Zwischenfrüchten. Die landesweit vorherrschende Dürre wird als außergewöhnliche Wetterbedingung und als Fall höherer Gewalt eingestuft. Angesichts der schwierigen Situation hat sich die Landwirtschaftsministerin Martine Hansen mit den Vertretern der Landwirtschaftskammer getroffen, und reagiert mit gezielten Erleichterungen bei den Vorgaben der Konditionalität und der Beihilferegelungen für das Jahr 2026. Die wichtigsten Maßnahmen auf einen Blick: Landwirte, […]

Weiterlesen

IWWERT D’GRENZEN ERAUS

Am Kader vun der Foire Agricole hat d’Centrale Paysanne d’Initiativ ergraff, fir um Freideg Gewerkschaftsvertrieder aus der ganzer Groussregioun op eng Konferenz iwwert déi nei GAP zesumme mat engem Vertrieder vun der DG Agri vu Bréissel, dem Här Barthélémy Lanos ze invitéieren. Kolleegen aus der Lorraine, der Wallonie, Ostbelgien, dem Rheinland an dem Saarland waren der Invitatioun nokomm. D’Konferenz, déi op franséisch war, gouf simultan iwwersat. Jidderee war duerno der Meenung, dass den Austausch iwwert d’Grenzen eraus soll oprecht gehale ginn. #MirLieweLandwirtschaft Foto: Romain Heckemanns

Weiterlesen

43. FOIRE AGRICOLE ASS GESCHICHT

Wärend dräi Deeg ass op der Foire Agricole zu Ettelbréck vill geschwat an diskutéiert, mee och gelaacht ginn. Mir soe jidderengem Merci, dee passéiert ass an dee sich fir d‘ Centrale Paysanne interesséiert gewisen huet a freeën eis elo schonn op d’Ausgab nächst Joer. Méi dozou am „Lëtzebuerger Bauer“ vun dëser Woch. #MirLieweLandwirtschaft Foto: Ketty a Rom Hankes/RTL

Weiterlesen

 NEI STELLPLAZ OP DER FOIRE AGRICOLE

Nächste Weekend ass zu Ettelbréck déi 43. Foire Agricole. D’Centrale Paysanne ass natierlech och erëm mat derbäi. Ënnert anerem gëtt et d’Fotoausstellung iwwert d’Bauerefraen ze gesinn. Mee opgepasst! D’Zelt vun der Centrale Paysanne steet elo op enger anerer Plaz. Am Bloc F, Nummer F.06 (kuckt de Plang). Mir freeën eis op äre Besuch. #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen
1 2 3 … 36