Et war e virgezunnen Abrëllsgeck lescht Woch am „De Letzeburger Bauer“: Déi aktuell Landwirtschaftsministerin Martine Hansen wiesselt net op Bréissel, fir do déi riets Hand vum EU-Kommissär Christophe Hansen ze ginn, mee bleift zu Lëtzebuerg.
Deementspriechend ass de Mëtteg och keen offiziellt Äddi-Soe virum Landwirtschaftsministère.
D’Redaktioun vum „De Letzeburger Bauer“ hofft dass Dir beim Liese vun hirem Abrëllsgeck genee esouvill Spaass hat wéi mir beim Schreiwen.
