GENERALVERSAMMLUNG VUN DER BAUERENZENTRAL

Um Mëttwochowend war virun iwwer 100 Memberen am Vitarium um Rouscht d’Generalversammlung vun der Bauerenzentral zesumme mat deene vum SAF a vum Service Jeunesse. Och d’Madamm Ministesch Martine Hansen war ënnert den Invitéeën. Am „De Letzeburger Bauer“ vum 5. Abrëll komme mir am Detail op dës AG zréck, wou de Comité eestëmmeg Entlaaschtung krut huet.  (C) Paul Krier #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen

GUY FEYDER BEI DE KAMMERWALE PLEBISZITÉIERT

De „Président sortant“ vun der Landwirtschaftskammer hut bei de Wale mat 2.345 Stëmmen mat Ofstand déi meeschte krut. Den 2. an 3. Gewielten am Total, Marc Fisch a Christian Wester, kommen op 1.918 resp. 1.893 Stëmmen. Op d’Lëschte gekuckt bléift d’Centrale Paysanne mat 39,54% vun de Stëmmen Nummer 1 a kënnt op 6 Sëtz. Am Verglach mat de Wale virun 10 Joer verléiert si awer 2 Sëtz. Aktiv Bauere kommen op 33,24% (5 Sëtz) an FLB-Allianz op 27,22% (4 Sëtz). D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wäert an […]

Weiterlesen

LËSCHT 2 BEI DE WALEN

Esou lues geet et an den Endspurt bei de Wale fir an d’Landwirtschaftskammer. Denkt drun, dass äre Walziedel bis spéitstens e Mëttwoch 13. Mäerz muss gestempelt ginn. All Walziedel, deen nom 13. Mäerz gestempelt ass, zielt net. D’Lëscht 2 ass d’Lëscht vun der Bauerenzentral: Är Stëmm fir eng seriös Vertriedung vun de landwirtschaftlechen Interessen.

Weiterlesen

D’BAUERENZENTRAL BEIM ËMWELTMINISTER

 Eng Delegatioun vun der Bauerenzentral huet sech um Mëttwoch mam Ëmweltminister Serge Wilmes getraff. An de Gespréicher goung et ëm d’Nitratdirektiv, Upassungen um Naturschutzgesetz, Kommodo/Inkommodo vun de Bauerebetriber,  Ofdeckunge bei de Güllebehälter an d’Opstelle vu PV-Anlagen an aner Theme méi. An enger agreabeler Atmosphäre  huet de Minister betount, dass een d’Suerge vun de Bauere ganz eescht géif huelen a gemeinsam mat Secteur géif no praxisorientéierte Léisunge sichen.  D’Bauerenzentral ass nom Treffen optimistesch gewiescht, dass nom d’Regierungswiessel erëm eng besser Zesummenaarbecht  méiglech ass. #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen

D’WALZIEDELE SINN ERAUS

Verschidde Léit hu sech gewonnert, dass hire Walziedel fir d’Kammerwalen nach net ukomm ass. Wéi mir gewuer gi sinn, huet de Landwirtschaftsministère d’Ziedelen e Freideg, 1. Mäerz fortgeschéckt. D’Walziedelen dierften also e Méindeg oder Dënschdeg bei jidderengem ukommen. Erënnere mir drun, dass et eng reng Bréifwal ass an also just esou kal gewielt ginn. Och mussen d’Enveloppe virum (!) 14. Mäerz an der Post sinn (de Poststempel zielt). #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen
1 2 3 26