GENERALVERSAMMLUNG VUN DER BAUERENZENTRAL

Virun enger knapp 100 Léit ass um Dënschdegowend déi uerdentlech Generalversammlung vun der Bauerenzentral zesumme mat där vum Service Jeunesse an dem SAF a Präsenz vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen ofgehale ginn. De Präsident Christian Wester hat dobäi Geleeënheet, den neie Comité virzestellen, huet awer och dem Apolline Hoffmann-Kohl an dem Guy Feyder Merci gesot an hinnen e klenge Kaddo iwwerreecht, fir hir laang Aarbecht am Sënn vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an der Bauerenzentral. Bekannt ginn ass och, dass de SAF sengen Aktivitéiten aktuell eng Paus gëtt an der Hoffnung, dass duerno méi jonk […]

Weiterlesen

UM DENSCHDEG GENERALVERSAMMLUNG

Nodeems dës Woch en neie Comité vun der Bauerenzentral vum Regionalausschoss gewielt gouf, ass en Dënschdeg, 24. Mäerz, owes déi uerdentlech Generalversammlung (zesumme mat där vum SAF a vum Service Jeunesse). Mir heesche jidderee wëllkomm um 20 Auer am Vitarium um Rouscht, wou mir och d’Freed wäerten hunn, d’Ministesch Martine Hansen ze begréissen. Den neien an ale Präsident Christian Wester wäert genee wéi d’Madamm Ministesch en Ausbléck op déi kuerz- a mëttelfristeg agrarpolitesch Aktualitéit maachen. No der Generalversammlung luede mir nach op e Patt an […]

Weiterlesen

CHRISTIAN WESTER BLEIFT PRÄSIDENT VUN DER BAUERENZENTRAL

Um Dënschdegmoien hat sech de Regionalausschuss vun der Bauerenzentral zu Miersch afonnt, fir de Comité fir d’Zäitspan 2026-2030 ze wielen. De Christian Wester ass dobäi fir 5 weider Joren un der Spëtzt vun der Bauerenzentral confirméiert ginn. D’Zesummesetzung vum Comité: Christian Wester, Präsident; Eric Pesch, 1. Vizepräsident; Andy Brisbois, 2. Vizepräsident; Joé Biver, Marc Fisch, Marc Kohll, Antoinette Reiff-Lafleur, Memberen; François Hansen, Vertrieder vum Service Jeunesse. D’Positioun vum Vertrieder vum SAF ass aktuell nach vakant. #MirLieweLandwirtschaft V.l.n.r.: Antoinette Reiff-Lafleur, Eric Pesch, Marc Kohll, Christian Wester, […]

Weiterlesen

SAF unterstützt gemeinnützige Vereinigungen

Blëtz a.s.b.l. und Vie Naissante erhalten jeweils 2.500 Euro Im Rahmen einer kleinen Feierstunde in den Räumlichkeiten der Centrale Paysanne in Mersch überreichte der Vorstand der SAF (Service Activités Féminines) der Bauernzentrale am Mittwoch zwei Geldspenden an gemeinnützige Vereinigungen, um Menschen in Not zu helfen und soziale Verantwortung zu übernehmen. Die Blëtz a.s.b.l. setzt sich hierzulande für Menschen ein, die einen Schlaganfall erlitten haben, sowie für deren Angehörige. Die gemeinnützige Vereinigung bietet Beratung, Austauschgruppen und praktische Unterstützung im Alltag. Ziel ist es, Betroffene aus der […]

Weiterlesen

D’BAUERENZENTRAL TRËFFT DE PREMIER

 D’Bauerenzentral setzt sech fir seng Memberen an all d’Baueren hei am Land an – och um héijen Niveau. An der Entrevue um Dënschdegmoie mam Premierminister Luc Frieden, dem Vizepremier a Minister fir de Commerce Extérieur, Xavier Bettel, dem Finanzminister Gilles Roth an dem Martine Hansen, eiser Landwirtschaftsministerin, ass et em europäesch Theme mat direktem Afloss op d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg gaangen. Mir hunn nach emol op d’Risike vum Mercosur higewisen, d’Regierung awer och opgefuerdert, dass se sech zu Bréissel mat alle Mëttelen dofir asetzt, dass den […]

Weiterlesen
1 2 3 86