UM DENSCHDEG GENERALVERSAMMLUNG

Nodeems dës Woch en neie Comité vun der Bauerenzentral vum Regionalausschoss gewielt gouf, ass en Dënschdeg, 24. Mäerz, owes déi uerdentlech Generalversammlung (zesumme mat där vum SAF a vum Service Jeunesse).

Mir heesche jidderee wëllkomm um 20 Auer am Vitarium um Rouscht, wou mir och d’Freed wäerten hunn, d’Ministesch Martine Hansen ze begréissen.

Den neien an ale Präsident Christian Wester wäert genee wéi d’Madamm Ministesch en Ausbléck op déi kuerz- a mëttelfristeg agrarpolitesch Aktualitéit maachen.

No der Generalversammlung luede mir nach op e Patt an e Maufel.

#MirLieweLandwirtschaft