GENERALVERSAMMLUNG VUN DER BAUERENZENTRAL

Virun enger knapp 100 Léit ass um Dënschdegowend déi uerdentlech Generalversammlung vun der Bauerenzentral zesumme mat där vum Service Jeunesse an dem SAF a Präsenz vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen ofgehale ginn.

De Präsident Christian Wester hat dobäi Geleeënheet, den neie Comité virzestellen, huet awer och dem Apolline Hoffmann-Kohl an dem Guy Feyder Merci gesot an hinnen e klenge Kaddo iwwerreecht, fir hir laang Aarbecht am Sënn vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an der Bauerenzentral.

Bekannt ginn ass och, dass de SAF sengen Aktivitéiten aktuell eng Paus gëtt an der Hoffnung, dass duerno méi jonk Memberen eventuell d’Relève huelen.

No den eenzelne Rapporten, déi alleguerten duerch Klappe vun der Generalversammlung ugeholl goufen, ass de Präsident Christian Wester ob déi aktuell Defie vun der Landwirtschaft agaangen. D’Madamm Ministesch Martine Hansen huet der Regierung hier Ënnerstëtzung fir d’Landwirtschaft widderholl, ier den 1. Vizepräsident Eric Pesch d’Versammlung zougemaach an ob den traditionelle Patt gelueden huet.

Weider Informatiounen zur Generalversammlung ginn et op rtl.lu oder e Freideg am „Lëtzebuerger Bauer“.

Foto: Alain Piron

Centrale Paysanne Luxembourgeoise – Assemblée générale 2026. (Foto: Alain Piron)