D’Bauerenzentral setzt sech fir seng Memberen an all d’Baueren hei am Land an – och um héijen Niveau. An der Entrevue um Dënschdegmoie mam Premierminister Luc Frieden, dem Vizepremier a Minister fir de Commerce Extérieur, Xavier Bettel, dem Finanzminister Gilles Roth an dem Martine Hansen, eiser Landwirtschaftsministerin, ass et em europäesch Theme mat direktem Afloss op d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg gaangen. Mir hunn nach emol op d’Risike vum Mercosur higewisen, d’Regierung awer och opgefuerdert, dass se sech zu Bréissel mat alle Mëttelen dofir asetzt, dass den Deel vum nächsten EU-Budget, dee fir d’Landwirtschaft virgesi gëtt, net méi kleng soll gi wéi en dat elo ass. De Premierminister huet e puer Mol betount, dass d’Regierung den Agrarsecteur hei am Land net géif fale loossen.
#MirLieweLandwirtschaft
Copyright Foto: Ministère d’Etat

