CHRISTIAN WESTER BLEIFT PRÄSIDENT VUN DER BAUERENZENTRAL

Um Dënschdegmoien hat sech de Regionalausschuss vun der Bauerenzentral zu Miersch afonnt, fir de Comité fir d’Zäitspan 2026-2030 ze wielen. De Christian Wester ass dobäi fir 5 weider Joren un der Spëtzt vun der Bauerenzentral confirméiert ginn.

D’Zesummesetzung vum Comité: Christian Wester, Präsident; Eric Pesch, 1. Vizepräsident; Andy Brisbois, 2. Vizepräsident; Joé Biver, Marc Fisch, Marc Kohl, Antoinette Reiff-Lafleur, Memberen; François Hansen, Vertrieder vum Service Jeunesse. D’Positioun vum Vertrieder vum SAF ass aktuell nach vakant.

#MirLieweLandwirtschaft

V.l.n.r.: Antoinette Reiff-Lafleur, Eric Pesch, Marc Kohll, Christian Wester, François Hansen, Andy Brisbois, Joé Biver. Et feelt de Marc Fisch.