INFORMATIOUNSVERSAMMLUNG

Zesummen mat der Landwirtschaftskammer an anere Bauereverbänn invitéiert CENTRALE PAYSANNE op eng grouss Informatiounsversammlung iwwer den nationalen Strategieplang, dësen Donneschdeg, den 28. Abrëll 2022 um 13.45 Auer am Centre Turelbaach zu Mertzig. Fir déi nächst PDR-Period 2023-2027 stinn eng ganz Rëtsch wichteg Changementer an der Agrarpolitik un, déi jiddereen vun eisen Baueren, Wënzer a Gäertner betrëffen. Zanter Méint beschäftegen sech d’Bauerevertrieder mat den Konsequenzen vun der Emsetzung vun der décidéierter EU-Strategie Farm to Fork bei eis am Land. Cross compliance, Betriebsprime, Jetons de base, Greening, […]

Weiterlesen

MAT NEIEM ELAN A GUTT OPGESTALLT

Um Dënschdegowend huet d’Bauerenzentral am Vitarium um Rouscht hier Generalversammlung fir 2021 ofgehalen, déi an engem agreabele Kader a virun engem quasi komplett gefëllte Sall stattfonnt huet. Am Mëttelpunkt stoung natierlech déi momentan schwiereg wirtschaftlech Situatioun aus Siicht vun der Landwirtschaft. Déi eenzel Rapporte sinn all eestëmmeg ugeholl ginn. No der Generalversammlung blouf nach Zäit, fir bei engem Patt an engem Maufel den Owend gemittlech auskléngen ze loossen. Méi Detailer gitt Dir e Freideg, 25. Mäerz am „De Letzeburger Bauer“ gewuer. #mirliewelandwirtschaft

Weiterlesen

[100,7] : D’Lëtzebuerger Landwirtschaft steet ënner Drock

Eng Reportage vum Radio 100,7: D’Kris an der Ukrain, déi héich Energie- an Düngerpräisser souwéi de Präisverfall, zum Beispill am Schwengssecteur maachen der Lëtzebuerger Landwirtschaft ze schafen. En Dënschdeg gouf et wéinst de Problemer vun de Schwengsziichter eng éischt Entrevue mam Landwirtschaftsminister, d’nächst Woch solle Gespréicher iwwer d’Problemer vum ganze Secteur gefouert ginn. Foto: Pixabay Klickt ob de Link fir de ganze Reportage: https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/d-letzebuerger-landwirtschaft-steet-enner-drock?fbclid=IwAR3mBdVKgwl1pfktSgzWttDRukoNYB1pRLRUBTE8bfzAE4fm4nqL9d_Smag

Weiterlesen

INTERVIEW OP RTL

De Christian Wester, President vun der Centrale Paysanne, hellt um Mikro vun RTL Stellung zu de Suite vum Krich an der Ukraine wat d’Liewensmëttelsecherheet ugeet. Fir den Interview ze lauschteren (an ze kucken), klicht ob de Link hei drënner: https://www.rtl.lu/tele/de-journal-vun-der-tele/v/3281027.html #mirliewelandwirtschaft

Weiterlesen

COMMUNIQUÉ

Die Centrale Paysanne Luxembourgeoise bekräftigt vor dem Hintergrund des Einmarschs russischer Militärtruppen in die Ukraine die Wichtigkeit der einheimischen Lebensmittelproduktion und warnt gleichzeitig vor sich anbahnenden Versorgungsengpässen weltweit. Die Ukraine wird auf unbestimmte Zeit als wichtiger Exporteur von Weizen, Mais und Ölsaaten ausfallen. Auch die weltweiten Handelssanktionen auf russische Exportgüter werden ihren Niederschlag finden. Beide Länder exportierten zusammen über 20% der Weltgetreidemenge. Damit sind Engpässe unweigerlich vorprogrammiert. Und nicht nur in diesem Bereich. Selbst wenn es kurzfristig nicht zu einer Lebensmittelknappheit in West- und Mitteleuropa […]

Weiterlesen

GROUSS LIESERËMFRO AM „BAUER“

Dir fannt am „De Letzeburger Bauer“ vum 4. Mäerz 2022 eng grouss Lieserëmfro mat Hëllef vun där mir erausfanne wëllen, wéi eng Themen Iech besonnesch uschwätzen a wéi eng Artikel Dir villäicht an der Zeitung vermësst. Natierlech soll är Méi fir matzemaachen net onbelount bléiwen an esou ginn ënnert all de Léit, déi matmaachen, e Koup Präisser verlousst. Dëst sinn eis zur Dispositioun gestallt gi vun D’Coque – Centre National Sportif et Culturel, Freelander’s Sportsfashion, Librairie Ernster, Domaines Vinsmoselle, CUBE 521 an der Centrale Paysanne […]

Weiterlesen
1 5 6 7 8 9 19