GROUSS LIESERËMFRO AM „BAUER“

Dir fannt am „De Letzeburger Bauer“ vum 4. Mäerz 2022 eng grouss Lieserëmfro mat Hëllef vun där mir erausfanne wëllen, wéi eng Themen Iech besonnesch uschwätzen a wéi eng Artikel Dir villäicht an der Zeitung vermësst.

Natierlech soll är Méi fir matzemaachen net onbelount bléiwen an esou ginn ënnert all de Léit, déi matmaachen, e Koup Präisser verlousst.

Dëst sinn eis zur Dispositioun gestallt gi vun D’Coque – Centre National Sportif et Culturel, Freelander’s Sportsfashion, Librairie Ernster, Domaines Vinsmoselle, CUBE 521 an der Centrale Paysanne Luxembourgeoise.

Eise Partner bei dëser Aktioun e grousse Merci a mir freeën eis elo schonn ob d’Meenunge vun eise Lieser.

Dës Ëmfro leeft wärend 3 Wochen.

DIR WËLLT EN ABONNEMENT VUM „DE LETZEBURGER BAUER“? DAT GEET GANZ EINFACH AN ONLINE: KUCKT AN DER SPALT RIETS.

#mirliewelandwirtschaft