INFORMATIOUNSVERSAMMLUNG

Zesummen mat der Landwirtschaftskammer an anere Bauereverbänn invitéiert CENTRALE PAYSANNE op eng grouss Informatiounsversammlung iwwer den nationalen Strategieplang,

dësen Donneschdeg, den 28. Abrëll 2022 um 13.45 Auer am Centre Turelbaach zu Mertzig.

Fir déi nächst PDR-Period 2023-2027 stinn eng ganz Rëtsch wichteg Changementer an der Agrarpolitik un, déi jiddereen vun eisen Baueren, Wënzer a Gäertner betrëffen. Zanter Méint beschäftegen sech d’Bauerevertrieder mat den Konsequenzen vun der Emsetzung vun der décidéierter EU-Strategie Farm to Fork bei eis am Land.

Cross compliance, Betriebsprime, Jetons de base, Greening, Leguminoseprime, Agraremweltmossnahmen, Landschaftspflegeprime, Indemnité compensatoire Investéirungsbäihëllefen, Agrargesetz, etc, etc

Zesummen mat Iech wëlle mer a Presenz vum Landwirtschaftsminister Claude Haagen däitlech maachen, wat bis zum Enn vun der ganzer Prozedur nach muss geschéien, fir dass eis Betriber hirer Funktioun och an Zukunft nach gerecht kënne ginn.

Well all dëst fir Iech an fir eise Secteur eminent wichteg ass, wiere mer frou, wann Dir all mat dobäi wiert.

#MirLieweLandwirtschaft