MAT NEIEM ELAN A GUTT OPGESTALLT

Um Dënschdegowend huet d’Bauerenzentral am Vitarium um Rouscht hier Generalversammlung fir 2021 ofgehalen, déi an engem agreabele Kader a virun engem quasi komplett gefëllte Sall stattfonnt huet. Am Mëttelpunkt stoung natierlech déi momentan schwiereg wirtschaftlech Situatioun aus Siicht vun der Landwirtschaft. Déi eenzel Rapporte sinn all eestëmmeg ugeholl ginn.

No der Generalversammlung blouf nach Zäit, fir bei engem Patt an engem Maufel den Owend gemittlech auskléngen ze loossen.

Méi Detailer gitt Dir e Freideg, 25. Mäerz am „De Letzeburger Bauer“ gewuer.

#mirliewelandwirtschaft