Letzte Beiträge
MAT NEIEM ELAN A GUTT OPGESTALLT
Um Dënschdegowend huet d’Bauerenzentral am Vitarium um Rouscht hier Generalversammlung fir 2021 ofgehalen, déi an engem agreabele Kader a virun engem quasi komplett gefëllte Sall stattfonnt huet. Am Mëttelpunkt stoung natierlech déi momentan schwiereg wirtschaftlech Situatioun aus Siicht vun der Landwirtschaft. Déi eenzel Rapporte sinn all eestëmmeg ugeholl ginn. No der Generalversammlung blouf nach Zäit, fir bei engem Patt an engem Maufel den Owend gemittlech auskléngen ze loossen. Méi Detailer gitt Dir e Freideg, 25. Mäerz am „De Letzeburger Bauer“ gewuer. #mirliewelandwirtschaft
WeiterlesenSentinelle Raps vom 21. März 2022
Raps Prognoseticker 21. bis 23. März 2022
HËLLEF FIR D’UKRAIN
Duerch eng gemeinsam Aktioun vun CEJA an Copa-Cogeca bündelt den EU Agrarsecteur seng Kräften fir d’Ukrain an dësen schwéieren Zäiten ze ënnerstëtzen! #mirliewelandwirtschaft
WeiterlesenRaps Sentinelle vom 17. März 2022
[100,7] : D’Lëtzebuerger Landwirtschaft steet ënner Drock
Eng Reportage vum Radio 100,7: D’Kris an der Ukrain, déi héich Energie- an Düngerpräisser souwéi de Präisverfall, zum Beispill am Schwengssecteur maachen der Lëtzebuerger Landwirtschaft ze schafen. En Dënschdeg gouf et wéinst de Problemer vun de Schwengsziichter eng éischt Entrevue mam Landwirtschaftsminister, d’nächst Woch solle Gespréicher iwwer d’Problemer vum ganze Secteur gefouert ginn. Foto: Pixabay Klickt ob de Link fir de ganze Reportage: https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/d-letzebuerger-landwirtschaft-steet-enner-drock?fbclid=IwAR3mBdVKgwl1pfktSgzWttDRukoNYB1pRLRUBTE8bfzAE4fm4nqL9d_Smag
WeiterlesenRaps Prognoseticker 16. bis 19. März 2022
Sentinelle Raps vom 14. März 2022
INTERVIEW OP RTL
De Christian Wester, President vun der Centrale Paysanne, hellt um Mikro vun RTL Stellung zu de Suite vum Krich an der Ukraine wat d’Liewensmëttelsecherheet ugeet. Fir den Interview ze lauschteren (an ze kucken), klicht ob de Link hei drënner: https://www.rtl.lu/tele/de-journal-vun-der-tele/v/3281027.html #mirliewelandwirtschaft
Weiterlesen