D’VIRFREED OB D’FOIRE AGRICOLE KLËMMT

Um Freidegmoien geet d’Foire Agricole zu Ettelbréck ob. Natierlech gëtt dëser Deeg bei all Exposant nach vill geschafft a virbereed. Dat ass och bei der Centrale Paysanne net aneschter. An och „De Letzeburger Bauer“ kënnt natierlech erëm mat enger Spezialnummer vun 28 Säiten eraus. Dir kritt d’Zeitung gratis um Stand vun der Bauerenzentral. Hei e puer Fotoë vum Sonja vum Site um Donneschdeg. Mir freeën eis schon ob d’FAE. An Dir?

Weiterlesen

D’BAUERENZENTRAL UM „DAG UM BAUERENHAFF“

Och d’Centrale Paysanne ass e Sonndeg, 19. Juni, um „En Dag um Bauerenhaff“ um Haff Wester zu Alzéng (Rue de Syren) mat engem Stand vertrueden, dee mir eis mat der Wochenzeitung fir d’Landwirtschaft, dem „Letzeburger Bauer“, deelen. Kommt tëschent 10 an 18 Auer bis laanscht eis Moie soen an e puer Wuert poteren. Mir waarden ob iech! #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen

EN DAG UM BAUERENHAFF

E Sonndeg, 19. Juni, ass vun 10 bis 18 Auer erem den traditionellen Dag um Bauerenhaff, dee vum Service Jeunesse organiséiert gëtt. No zwee Joer Paus, déi duerch d’Pandemie ze erkläre war, fënnt de Comeback um Haff vun de Gebridder Guy a Christian Wester zu Alzéng (Rue de Syren) statt. De „Bauer Guy“ ass beschtens bekannt aus der däitscher Fernsehserie „Bauer sucht Frau“. Kommt a maacht iech selwer e Bild, wéi et bei him um Haff ausgeséit. De ganzen Dag iwwer sinn e ganze Koup […]

Weiterlesen

BESUCH AUS ÉISTRÄICH

Um Donneschdegmoien huet sech hei zu Lëtzebuerg eng Delegatioun vun der Bauerenzentral mat Vertrieder vum Bauernbund aus Éisträich getraff, fir iwwert d’Erausfuerderungen a Suerge vum Beruff an deenen zwee Länner zwee schwätzen. Et war en agreabelen Austausch an enger konstruktiver Ambiance. Ob eiser Foto geséit een de President vun der Centrale Paysanne, Christian Wester, mam Präsident vum Bauernbund, dem Här Georg Strasser (r.). Lénks am Bild den Direkter vum Bauernbund, den Här Norbert Totschnig. Foto: Paul Krier

Weiterlesen

“NEMMEN MAT EIS”

Knapp 250 Baueren, Gäertner a Wënzer haten sech um Donneschdeg zu Mertzeg afonnt, fier hierer Onzefriddenheet iwwert den Nationale Strategieplang Loft ze maachen. Ob Initiative vun der Landwirtschaftskammer an ënner Mathëllef vun der Bauerenzentral an den aneren Interessevertriedungen hunn déi verschidde Riedner ob d’Wichtegkeet vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg higewisen an dem Minister Claude Haagen ze verstoe ginn, dass et an Zukunft “nemmen mat eis” zesumme goe kann. #MirLieweLandwirtschaft Foto: (c) Laurent Schüssler

Weiterlesen
1 4 5 6 7 8 19