EN DAG UM BAUERENHAFF

E Sonndeg, 19. Juni, ass vun 10 bis 18 Auer erem den traditionellen Dag um Bauerenhaff, dee vum Service Jeunesse organiséiert gëtt. No zwee Joer Paus, déi duerch d’Pandemie ze erkläre war, fënnt de Comeback um Haff vun de Gebridder Guy a Christian Wester zu Alzéng (Rue de Syren) statt.

De „Bauer Guy“ ass beschtens bekannt aus der däitscher Fernsehserie „Bauer sucht Frau“. Kommt a maacht iech selwer e Bild, wéi et bei him um Haff ausgeséit.

De ganzen Dag iwwer sinn e ganze Koup Attraktiounen fir Grouss a Kléng geplangt.