Eng Invitatioun ob interessant a wichteg Informatiounsversammlungen.
WeiterlesenKategorie: Bauernzentrale/Centrale Paysanne
DEN DAG UM BAUERENHAFF ASS ZERÉCK
No enger Zwangspaus gëtt et 2022 endlech erëm en Dag um Bauerenhaff. Dëst Joer geet et den 19. Juni bei de Bauer Guy ob Alzéng. Notéiert Iech den Datum alt schonn, weider Informatiounen kommen no.
WeiterlesenBESUCH AUS ÉISTRÄICH
Um Donneschdegmoien huet sech hei zu Lëtzebuerg eng Delegatioun vun der Bauerenzentral mat Vertrieder vum Bauernbund aus Éisträich getraff, fir iwwert d’Erausfuerderungen a Suerge vum Beruff an deenen zwee Länner zwee schwätzen. Et war en agreabelen Austausch an enger konstruktiver Ambiance. Ob eiser Foto geséit een de President vun der Centrale Paysanne, Christian Wester, mam Präsident vum Bauernbund, dem Här Georg Strasser (r.). Lénks am Bild den Direkter vum Bauernbund, den Här Norbert Totschnig. Foto: Paul Krier
WeiterlesenRaps Sentinelle vom 2. Mai 2022
„NEMMEN MAT EIS“
Knapp 250 Baueren, Gäertner a Wënzer haten sech um Donneschdeg zu Mertzeg afonnt, fier hierer Onzefriddenheet iwwert den Nationale Strategieplang Loft ze maachen. Ob Initiative vun der Landwirtschaftskammer an ënner Mathëllef vun der Bauerenzentral an den aneren Interessevertriedungen hunn déi verschidde Riedner ob d’Wichtegkeet vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg higewisen an dem Minister Claude Haagen ze verstoe ginn, dass et an Zukunft „nemmen mat eis“ zesumme goe kann. #MirLieweLandwirtschaft Foto: (c) Laurent Schüssler
WeiterlesenINFORMATIOUNSVERSAMMLUNG
Zesummen mat der Landwirtschaftskammer an anere Bauereverbänn invitéiert CENTRALE PAYSANNE op eng grouss Informatiounsversammlung iwwer den nationalen Strategieplang, dësen Donneschdeg, den 28. Abrëll 2022 um 13.45 Auer am Centre Turelbaach zu Mertzig. Fir déi nächst PDR-Period 2023-2027 stinn eng ganz Rëtsch wichteg Changementer an der Agrarpolitik un, déi jiddereen vun eisen Baueren, Wënzer a Gäertner betrëffen. Zanter Méint beschäftegen sech d’Bauerevertrieder mat den Konsequenzen vun der Emsetzung vun der décidéierter EU-Strategie Farm to Fork bei eis am Land. Cross compliance, Betriebsprime, Jetons de base, Greening, […]
WeiterlesenEN DONNESCHDEG, 28. ABRËLL – THE PLACE TO BE
Wat mir zu méi den 28.4. zu Mäertzeg sinn, wat de Minister eis méi serieux hëllt! Dofir ass et wichteg, dass e Maximum vun eise Memberen sech ob de Wee ob Mäertzeg mecht. D’Bauerenzentral zesumme mat der Landwirtschaftskammer. #MirLieweLandwirtschaft P.S.: Am „Letzeburger Bauer“ vum nächste Freideg ginn et wéider Detailler.
WeiterlesenDer Sentinelle-Bericht vom 14. April
MAT NEIEM ELAN A GUTT OPGESTALLT
Um Dënschdegowend huet d’Bauerenzentral am Vitarium um Rouscht hier Generalversammlung fir 2021 ofgehalen, déi an engem agreabele Kader a virun engem quasi komplett gefëllte Sall stattfonnt huet. Am Mëttelpunkt stoung natierlech déi momentan schwiereg wirtschaftlech Situatioun aus Siicht vun der Landwirtschaft. Déi eenzel Rapporte sinn all eestëmmeg ugeholl ginn. No der Generalversammlung blouf nach Zäit, fir bei engem Patt an engem Maufel den Owend gemittlech auskléngen ze loossen. Méi Detailer gitt Dir e Freideg, 25. Mäerz am „De Letzeburger Bauer“ gewuer. #mirliewelandwirtschaft
WeiterlesenHËLLEF FIR D’UKRAIN
Duerch eng gemeinsam Aktioun vun CEJA an Copa-Cogeca bündelt den EU Agrarsecteur seng Kräften fir d’Ukrain an dësen schwéieren Zäiten ze ënnerstëtzen! #mirliewelandwirtschaft
Weiterlesen