EISEN NEWSLETTER ASS ERAUS

Elo grad ass déi 1. Nummer vun eisem Newsletter, dee mir op der Generalversammlung ugekënnegt haten, per Email un eis Memberen geschéckt ginn.

An der 1. Ausgabe schwätzt de Präsident Christian Wester iwwert dat neit Agrargesetz an natierlech ass och d’Glyphosatverbuet en Thema. Mee dat ass net alles. Luusst selwer eran.

Dësen Newsletter wäert net eis Wochenzeitung „De Letzeburger Bauer“ ersetzen, mee ass komplementar ze gesinn.

All Ureegungen a Kommentarer si wëllkomm. Maacht dofir eng Email op secretariat@centralepaysanne.lu

A falls dir eisen Newsletter nach net kritt, sou kënnt dir iech och direkt hei um Site an der rietser Spalt dofir umellen.

#MirLieweLandwirtschaft