DE MINISTER REAGÉIERT OP D’URTEEL VUM GERICHT

Um Freidegmoien huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen op d’Urteel vum Verwaltungsgerichtshaff reagéiert, wat de Verbuet vu Mëttel, wou Glyphosat dra wier, och am Appell als onrechtméisseg agestuuft huet. Hien wënscht sech dass Baueren an d’Wënzer och weiderhin op de Glyphosat verzichten. Déi lescht Joren hätte  gewisen, dass dat méiglech ass.

Et ass net iwwerraschend, dass elo verschidde Reglementer sollen ugepasst ginn. Ënnert anerem de Verkaf, de Gebrauch an de Stockage vum Glyphosat. Wéi de Claude Haagen vis-à-vis vun RTL sot, wäert d’Zone ronderëm de Stauséi wou den Asaz souwisou scho verbueden ass, nach vergréissert ginn. Der Regierung géif de Principe de Précaution um Häerz léien.

Am “Letzebuerger Bauer” vu kommendem Freideg gi mir méi am Detail op dës Pressekonferenz an.

Foto: MAVDR

#MirLieweLandwirtschaft