PROJET FIR D’AGRARGESETZ – UPDATE

Wéi ee konnt aus gutt informéierte Quelle gewuer ginn, soll eng Delegatioun vun der Landwirtschaftskammer viraussiichtlech an der Woch virun de Chrëschtfeierdeeg an d’Agrarkommissioun vun der Chamber dierfe goen, fir do d’Suergen an d’Onverständnis vum Secteur a Relatioun zum neie geplangten Agrargesetz zum Ausdréck ze bréngen. Et déit och alles drop hin, dass dat neit Agrargesetz net méi dëst Joer an der Chamber gestëmmt gëtt, mee réischt 2023. #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen

D’LAUREATEN VUN DER 1. SOIRÉE DE L’AGRICULTURE

Hei gesitt dir d’Laureaten vun der 1. Soirée de l’Agriculture, op déi “De Letzeburger Bauer” um Donneschdeg, 17. November gelueden hat. Vu lénks no riets: Georges Friederich (Soziaalt Engagement), Constant Infalt (Prix Spécial), Astrid Lulling (Präis fir d’Liewenswierk), Tom Kass (Kass-Haff/Ökologesch Vitalitéit) a Fränk Clemens (Ekonomesch Diversifizéierung). Eis häerzlechste Gléckwënsch! Am Laf vum Dag kommen nach e Koup Fotoe vun der Soirée no.

Weiterlesen

D’FINALISTEN VUN DER SOIRÉE DE L’AGRICULTURE STI FEST

Wéi am aktuellen „De Letzeburger Bauer“ ze liese war, sti folgend Betriber an de respektive Finallen vun der Soirée de l’Agriculture. Wien schlussendlech gewonnen huet, gëtt réischt um Owend vu 17. November bekannt ginn. Bonne Chance alle Finalisten! SOZIAALT ENGAGEMENT Marco Clees, Allerbuer Georges Friedrich, Uespelt Christine Hoffmann, Schëtter EKONOMESCH DIVERSIFIZIÉRUNG Fränk Clemens, Lelleg Marc Roeder, Tandel Nico Hoffmann, Lampech ÖKOLOGESCH VITALITÉIT Paul Jungels, Branenbuerg  Tom Kass, Rolleng  Claude Thiry, Schuller

Weiterlesen

KENG HËLLEF FIR D’PRÄISHAUSSE BEIM DIESEL

D’CSV-Fraktioun hat um Mëttwoch eng weider Motioun an der Chamber,eraginn wou no enger Hëllef fir d’Landwirtschaft gefrot gi war fir  d’Präishaussen beim landwirtschaftlechen Diesel ze kompenséieren.Um Donneschdeg ass déi Motioun awer mat 33 zu 27 Stëmmen ofgeleent ginn. Nieft de Majoritéitsparteien (Dp, LSAP, déi Gréng) hunn och d’Deputéiert vun déi Lénk dergéint gestëmmt.  #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen

BREAKING NEWS

Et gëtt en 1. (klengen) SUCCÈS vun eiser gemeinsamer Aktioun en Dënschdeg virun der Chamber. Eng Motioun vun der CSV-Deputéierten Martine Hansen, an där ënnert anerem gefrot gëtt „… à analyser, voire à reformuler les articles 6 et 7 de la loi agraire“ ass eestëmmeg vun de 60 Deputéierten an der Chamber ugeholl ginn.Merci der Madamm Hansen fir hiren Asaz.#mirliewelandwirtschaft Hei den Text vun der Motioun: La Chambre des Députés, Rappelant les revendications que les agriculteurs ont formulées récemment lors d’unemanifestation devant la Chambre des […]

Weiterlesen

250 BAUEREN AN DER STAD

Fir d’Onzefriddenheet auszedrécken, déi déi gesamt Landwirtschaft am Ament iwwert déi Aart a Weis verspiert, wéi mat hier ëmgesprongen gëtt – an éischter Linn en Vue vum neien Agrargesetz – waren eng ganz Rei landwirtschaftlech Vertriedungen, ënnert deenen och d’Centrale Paysanne an de Service Jeunesse , um Dënschdegmëtteg virun d’Chamber gezunn. Ënnert dem Stréch waren herno ouni grouss Opriff am Virfeld eng 250 Léit present, a wat immens wichteg ass, och eng ganz grouss Zuel u Medievertrieder.  De Guy Feyder huet virun enger ganzer Rei Ministeren an Deputéierten eis […]

Weiterlesen

[PRESSE] STRATEGIEPLÄNE FÜR LUXEMBURG UND ÖSTERREICH GENEHMIGT

Die Europäische Kommission hat die Strategiepläne der 2023 beginnenden Reform der Gemeinsamen Agrarpolitik (GAP) für Luxemburg und Österreich endgültig genehmigt. Dies ist das zweite Genehmigungspaket, nachdem am 31. August die Pläne von sieben Mitgliedstaaten (Dänemark, Finnland, Frankreich, Irland, Polen, Portugal und Spanien) offiziell angenommen worden sind. Die Reform soll bekanntlich am 1. Januar kommenden Jahres an den Start gehen. Gemäß den EU-Kommissionsangaben stehen für die GAP in den kommenden fünf Jahren insgesamt rund 270 Mrd Euro aus dem Mehrjährigen Finanzrahmen (MFR) zur Verfügung. Die beiden […]

Weiterlesen
1 8 9 10 11 12 30