D’BAUERENZENTRAL BEI DER LANDWIRTSCHAFTSMINISTESCH

E Méindeg vun dëser Woch hat d’Bauerenzentral eng Entrevue mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen a mat hiren enkste Mataarbechter. Dobäi si verschidden aktuell Themen ugeschwat gi wéi d’Bauen an der Gréngzon, ëmmer méi streng Kontrollen duerch d’ITM, déi iwwerschafften Nitrat-Direktive, de feelende Respekt virun de Baueren, déi elo am Summer musse spéit an d’Nuecht era schaffen, d’Stroumpräisser an déi verspéiten ausbezuelte Subsiden. Méi Informatioune ginn et am „De Letzeburger Bauer“ vun dëser Woch. 

Foto: MA