D’CENTRALE PAYSANNE BRÉNGT HIER FUERDERUNGEN VIR

Schon am Virfeld vun den Nationalwalen hat d’Bauerenzentral 12 Fuerderungen un déi politesch Parteien adresséiert. No de Wale war et déi logesch Konsequenz, dass een zu engem Gespréich mat deenen zwou Parteie geruff ginn ass, déi déi nächst Regierung stelle wäerten. En Donneschdeg hunn den Eric Pesch, Marc Fisch, Christian Wester a Guy Feyder sech mam Aarbechtsgrupp „Landwirtschaft“ vun CSV an DP getraff. #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen

[VIDEO] RETOUR OP D’TABLE RONDE

Elo, wou d’Koalitiounsverhandlungen ufänken, ass et besonnesch interessant sech nach emol an Erënnerung ze ruffen, wat déi eenzel Parteie resp. hier Vertrieder op der Table Ronde vun der Centrale Paysanne gesot haten. Kuckt a lauschtert nach emol eran. Vill Spaass! Klickt op d’Bild fir de Video vun apart TV ze gesinn. #MirLieweLandwirtschaft

Weiterlesen
1 18 19 20 21 22 109