Ronn 120 Léit waren zu Lëpscht zu Gaascht, wou “De Letzeburger Bauer” op déi zweeten Oplag vun der Soirée de l’Agriculture gelueden hat. Ënnert den Éieregäscht waren ënnert anerem d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, den designéierten EU-Agrarkommissär Christophe Hansen, den EU-Parlamentarier Charles Goerens an d’Deputéiert Jeff Boonen, Luc Emering, Jeff Engelen, Fernand Etgen a Ben Polidori.
D’Éierepräisser sinn un de fréiere Landwirtschaftsminister Fernand Boden an un de Journalist Erwan Nonet gaangen. Eng onofhängeg Jury huet dann nach de Marco Clees (Soziales), Felix Miny (Ekonomie) a Paul Jungels (Ökologie) ausgezeechent.
Op der Foto vum Paul Krier geséit e vu lénks no riets: Christophe Hansen, Felix Miny, Marco Clees, Erwan Nonet, Fernand Boden , Paul Jungels a Martine Hansen.
Felicitatiounen un all d’Laureaten!