D’Wochenzeitung „De Letzeburger Bauer“ invitéiert en Donneschdegowend, 14. November, op déi 2. Soirée de l’Agriculture, am Kader vun där 5 Léit ausgezeechent ginn, déi sech ëm d’Landwirtschaft verdéngt gemaach hunn.
Nieft zwee Éierepräisser – un d’Häre Fernand Boden an Erwan Nonet – ginn och d’Gewënner an de Kategorien „Soziaalt Engagement“, „Ökologesch Diversitéit“ an „Ökologesch Vitalitéit“ bekannt ginn.
Kuckt Iech d’Soirée de l’Agriculture live op Apart TV un (Kanal 82 vun der Post oder bei der Eltrona) oder op apart-tv.lu. Ufank ass um 19.30 Auer, viraussichtlech Ënn um 21 Auer.
Bonne Chance alle Finalisten!