D’Bauerenzentral gratuléiert dem designéierten Agrarkommissar Christophe Hansen fir säi gelongenen Optrëtt beim Hearing um Méindegowend virun de Membere vum Europaparlament.
Mat Fachwëssen an Empathie konnt en och déi läscht Zweifeler iwwerzeegen, dass hien de richtege Mann fir dës wichteg Plaz an Europa ass. D’Memberen hunn him dann och mat enger grousser Majoritéit hiert Vertrauen ausgeschwat.
Elo steet nach d’Confirmatioun vun der gesamter EU-Kommissioun virum Parlament aus, déi fir Enn November virgesinn ass. Am Idealfall kann déi nei Kommissioun mam Christophe Hansen als Agrarkommissar den 1. Dezember hier Aarbecht ufänken.
Eng Delegatioun vun der Bauerenzentral konnt den Hearing vum Lëtzebuerger Kandidat e Méindegowend live an der Vertriedung vun der EU zu Lëtzebuerg um Kierchbierg suivéieren (Foto ënnen).