Si schaffen op de Felder, këmmeren sech ëm d’Déieren, produzéiere Liewensmëttel a droen zur Liewensqualitéit an eise Regiounen bäi. Trotz hirer wichteger Roll an der Landwirtschaft an an der Gesellschaft kréien d’Fraen an hir Leeschtungen net ëmmer déi Unerkennung, déi se verdéngen.
Den 15. Oktober hunn d’Vereenten Natiounen zum Internationalen Dag vun de Fraen am ländleche Raum erkläert, fir op hir Bedeitung fir d’landwirtschaftlech Entwécklung, d’Ernärungssécherheet an d’Bekämpfung vun der Aarmut opmierksam ze maachen.
Haut ass de richtege Moment, fir de Fraen an der Landwirtschaft MERCI ze soen an hir Aarbecht méi siichtbar ze maachen – zu Lëtzebuerg an an der ganzer Welt!
Foto: iStock

