Op Nominiéierung vum Landwirtschaftsministère gouf d’Nora Feyder vun der Liewensmëttel- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) als eng vun den „100 Heldinnen vun de Liewensmëttel- a Landwirtschaftssystemer an der ländlecher Entwécklung“ ausgewielt. Si gouf gëschter Donneschdeg bei enger Zeremonie am Sëtz vun der FAO zu Roum geéiert.
Dës Initiativ, déi am Kader vum Internationalen Joer vun de Bauerenfraen 2026 lancéiert gouf, éiert 100 Fraen aus der ganzer Welt fir hiren aussergewéinlechen Bäitrag zur Landwirtschaft, zu Liewensmëttelsystemer an zur ländlecher Entwécklung.
Am Ganzen hunn 131 FAO-Memberen 609 Nominatiounen agereecht. Déi 100 Laureate goufen no engem Evaluatiounsprozess mat verschiddene Etappen ausgewielt, deen entworf gouf, fir d’Transparenz an der Auswiel, d’geographesch Balance an d’Diversitéit vun de Profilen ze garantéieren.
D’Nora Feyder bereet sech drop vir, de Familljebetrib fir Mëllechproduitioun iwwerzehuelen, wou si déi 14. Generatioun vertrëtt. Si konzentréiert sech besonnesch op d’Fudderproduktioun mat Hee, den effizienten Asaz vu Ressourcen an d’Diversifikatioun, fir d’Resilienz vum Bauerenhaff ze stäerken. Hiert Engagement geet och dorop aus, jonk Bauerefraen a Baueren ze vertrieden an d’Agrar- a Liewensmëttelpolitik matzegestalten.
„Ech sinn houfreg ze gesinn, wéi Nora Feyder dës international Unerkennung kritt. Duerch hatt ginn och all d’Fraen, déi eise Landwirtschaftssecteur gestalten, geéiert: Haut gëtt zu Lëtzebuerg all fënnefte Bauerenhaff vun enger Fra geleet. Ob si e Bauerenhaff leeden oder an manner sichtbare Rollen schaffen, hiren Bäitrag ass entscheedend a verdéngt eis Unerkennung: Loosst eis weiderhi hiert Engagement ënnerstëtzen,“ betount Ministerin Martine Hansen.
D’Centrale Paysanne schléisst sech de Gléckwënsch unn!
Foto: MA

