Um Dënschdegowend war zu Steesel a Präsenz vun der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen de Vernissage vun der Foto-Ausstellung „Bauerefraen“, déi d’Centrale Paysanne am Kader vum internationale Joer vun der Fra an der Landwirtschaft bei der Fotografin Ann Sophie Lindström an Optrag ginn hat.
D’Ausstellung kann nach bis de 5. Juni an der Galerie am Duerf „Robert Daleiden“ (2, montée Willy Goergen) vu mëttwochs bis samsdes vun 10 bis 18 Auer gekuckt ginn (den 30. Mee ass ausnamsweis zou).
Duerno ass se ë.a. op der Foire Agricole ze gesinn.
Foto: Luc Weber

