Um Freideg war den nei gewielte Comité vun der Bauerenzentral fir säin Untrëttsbesuch bei der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Et ass vun der Geleeënheet profitéiert ginn, fir am Detail iwwert déi aktuell Problemer vum Secteur ze schwätzen a Relatioun mat der geopolitescher Kris, e.a. déi steigend Energiepräisser. Awer och déi onbefriddegend Situatioun vun de Biogasanlagen hei am Land war en Thema. Mei Detailer ginn et nächste Freideg am „Lëtzebuerger Bauer“.
Foto: Landwirtschaftsministère

