FÉLICITATIOUNEN UN DE CHRISTOPHE HANSEN

D’Bauerenzentral freet sech iwwert d’Nominatioun vum Christophe Hansen als Kommissar fir Landwirtschaft a Liewensmëttel an der neier EU-Kommissioun.
Mam Christophe Hansen iwwerhëllt e Fachmann dëse ganz wichtege Ressort an der Europäescher Unioun.
D’europäesch Agrarpolitik ass an dëser Zäit eng immens grouss Erausfuerderung. D’Bauerenzentral ass iwwerzeegt, dass de Christophe Hansen déi perfekt Persoun ass, fir dëse groussen Challenge unzegoen.
Mir setze grouss Hoffnungen a seng Persoun – net just fir d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg, mee an der ganzer EU.
Félicitatiounen a bonne Chance!