D’BAUERENZENTRAL BEI DER MADAMM MINISTER

E gutt an interessant Gespréich mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an hiren enkste Mataarbechter haten d’Vertrieder vun der Bauerenzentral e Mëttwochmëtteg. Merci fir den Accueil. Dobäi ass ënnert anerem iwwert déi prekär Situatioun bei de Schwéngsbauere geschwat ginn, mee och iwwert déi administrativ Vereinfachung. D’Martine Hansen huet och confirméiert, datt hei am Land all Subside fir de Secteur bäibehale ginn. An der Entrevue vun annerhallef Stonn goufen nach méi aktuell Dossieren ugeschwat. De 4. Mäerz ass dann den éischte Landwirtschafts-Dësch.

#MirLieweLandwirtschaft