DE BAUEREKALENNER ASS AN DER VENTE

Wann Dir um Lëtzebuerger Bauerekalenner interesséiert sitt, da kënnt Dir en op enger vu 17 Plazen hei am Land kafen.

Datt sinn d’Librairie Ernster an der Belle Etoile an an der Concorde, zu Ettelbréck, Käerjeng, Lëtzebuerg-Stad a Miersch;

de V-Shop zu Colmar-Bierg a Léiwéng an de Garden-Center zu Jonglënster;

bei Meatbros zu Nidderanven, der Réidener Spënnchen zu Réiden/Attert, dem Pretemer Haff zu Lampech, dem Media Store Massen op der Wemperhaardt, dem Christina’s Bicherbuttik zu Wolz an der Librairie Biba zu Marnech.

Awer natierlech och bei eis am Gebäi zu Miersch (44, rue de la Gare, grousse Parking virun der Dier), wou dir en och iwwer Telefon oder E-Mail bestelle kënnt (326464-480 resp. secretariat@centralepaysanne.lu).

D’Membere vun der Centrale Paysanne kréien de Lëtzebuerger Bauerekalenner wéi gewinnt gratis heem bruecht.

Ronn 260 Säiten. Vill faarweg Fotoen. De Präis bléift bei 35 Euro.

#MirLieweLandwirtschaft