PERSONALÉIERUNGEN

Am Kader vun der Personalfeier vun der Bauerenzentral an dem Grupp CEPAL sinn och zwou Persounen aus der Beleegeschaft ausgezeechent ginn.

D’Léonie Wahl-Komes, déi jorelaang an der landwirtschaftlecher Buchhaltung exemplaresch geschafft huet, krut e Kaddo fir den Antrëtt an d’Pensioun. De Claude Pundel ass Chargé de Direction vun der CEPAL-Grupp. Hie wollt amplaz vun engem Bong en Don fir d’Kannerhëllefswierk Unicef.

Nieft deenen zwee Geéierten geséit een op der Foto nach de Christian Wester (l.), de President vun der Bauerenzentral, de Marc Fisch (r.), President vun der CEPAL-Grupp, an de Vizepresident Guy Feyder (2.v.r.).

#MirLieweLandwirtschaft