PROJET FIR D’AGRARGESETZ – UPDATE

Wéi ee konnt aus gutt informéierte Quelle gewuer ginn, soll eng Delegatioun vun der Landwirtschaftskammer viraussiichtlech an der Woch virun de Chrëschtfeierdeeg an d’Agrarkommissioun vun der Chamber dierfe goen, fir do d’Suergen an d’Onverständnis vum Secteur a Relatioun zum neie geplangten Agrargesetz zum Ausdréck ze bréngen.

Et déit och alles drop hin, dass dat neit Agrargesetz net méi dëst Joer an der Chamber gestëmmt gëtt, mee réischt 2023.

#MirLieweLandwirtschaft