Petition 668 – Hearing in der Abgeordnetenkammer

Insofern die Petition 668 „Lëtzebuerger Produkter an der öffentlecher Restauratioun! rund 7.900 gültige Unterschriften erhalten hatte, wurde sie im Rahmen einer öffentlichen Anhörung am 13. Januar im Parlament diskutiert.

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/1868.html

Bei der  Anhörung zur Petition 668 der hiesigen Landwirtschaft im Parlament präsentierte der Präsident der Landwirtschaftskammer, Marco Gaasch, die Anliegen von Landwirtschaft, Weinbau und Gartenbau sowie deren Forderungen. Nachstehend veröffentlichen wir den Wortlaut seiner Intervention.

Här President,

Dir Damen an dir Hären Deputéierten,

Dir Damen an dir Hären Ministeren,

Mir soen Merci, datt mir d’Geleeënheet hunn, eis Petitioun hei virzedroen, a mat souvill Kommissiounen a Ministèren ze diskutéieren.

Méi wéi 7.900 Persounen hunn eis Petitioun ënnerstëtzt, wat weist, datt et wichteg ass entspriechend Moossnahmen ze ergräifen fir eis einheimisch Agrarprodukter verstäerkt an eisen Kantinnen an Restaurants’en anzesetzen, besonnesch do wou déi öffentlech Hand bezillt, an domat och mat-decidéiert wat et z’iessen gëtt.

Ech wëll aleedend nach eng Kéier op d’Virdeeler vum Asaz vun den einheimischen regionalen Produkter agoen, fir dann am 2. Deel eng Rei Virschléi an Iwwerleeungen zur Förderung ze maachen. (…)

Den Asatz vun Lëtzebuerger Produkter bréngt Virdeeler fir déi Lëtzebuerger Baueren, Wënzer, Gäertner, asw. a fir den ganzen Liewensmëttelsecteur, agro-alimentär Betriber, Handwierk an Handel aus eiser Regioun. Dat gëllt souwuel fir déi sougenannten konventionell Landwirtschaft, wéi och fir déi biologesch. Dat Geld, wat fir eis qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel bezuelt gëtt, bleift bei eis an der Regioun, an ass och e Beitrag zur Economie circulaire an zum Développement durable vun eiser Regioun.

Einheimisch Agrarprodukter stellen eng vun den eenzegen buedemgebonnenen Ressourcen vun eisem Land duer an contribuéieren esou zu eiser nationaler Economie, an erhalen oder schafen Aarbechtsplazen. Och wann den Undeel um Bruttoinlandprodukt kleng ass am Vergläich zu aneren Secteuren vun eiser Economie, sou stellt d’Aarbecht um Feld an am Stall awer d’Basis vun eiser Ernährungssécherheet duer an suergt fir Stabilitéit an Entwécklung am ländlechen Raum.

Duerch hier Aarbecht droen Baueren, Wënzer a Gäertner dozou bäi, eis schéin Kultur-Landschaften ze erhalen an ze fleegen. Si valoriséieren eis natierlech Gegebenheeten, andeem si aus Gras Fleesch an Mëllech produzéieren, resp. Kären oder Wäin oder Geméis op eisem Buedem zillen. Wann mir Lëtzebuerger regional, am beschten och saisonal Produkter iessen, verhënneren mir laang Transportweeër a maachen domat eppes fir eist Klima. Wann mir Fleesch aus der Regioun iessen, vermeiden mir laang an strapaziéis Déirentransporter.

Produkter aus der Regioun an de Kantinnen asetzen, ass och zum Virdeel vun den Utilisateuren vun dësen Kantinnen: Duerch d’Proximitéit sinn dës Produkter méi frësch, si sen besser kontrolléiert, si kënnen just in Time geliwwert ginn. Doduerch datt frësch an den Kantinnen gekacht gëtt, brauchen mir manner virgefäerdegt Plat’en, déi mat allerhand Zousätz haltbar an schmackhaft gemeet ginn. Mir kënnen Traçabilitéit a Réckverfollegbarkeet garantéieren, well mir wëssen wou se hierkommen. Duerch eng präzis Gestioun vun den Commanden kënnen Reschter a Verschwendungen verhënnert ginn. Duerch den Asatz vun saisonalen Produkter kann och den Präis optiméiert ginn.

Mir hunn am Land vill Qualitéits-Liewensmëttel, déi héijen Normen an Standards’en entspriechen, déi hei am Land veredelt ginn duerch eis handwierklech Betriber, an déi duerch Transparenz an Proximitéit och héich Niveaux’en vun Sécurité alimentaire entspriechen.

Bei den Haaptprodukter Mëllech, Rënds- an Schwengefleesch, a bei Broutweess, och bei Wäin, däerft keen Problem sinn fir elo schonn déi ganz ëffentlech Restauratioun ze beliwweren. Bei aneren Produkter, z.B. Gefligel, Gromperen, Geméis, Uebst kann duerch d’Nofro vun der Restauration collective, d’Produktioun ugekuerbelt an gefördert ginn, wat dann och erëm der regionaler Economie zu gutt kënnt.

Dofir wëllen mir hei eng Rei Iwwerleeungen ubréngen, wat alles ze maachen wier:

Fir d’éischt sollen mir ganz selbstbewosst no baussen kommunizéieren, datt mir eiser regionaler Landwirtschaft den Virzuch wëllen ginn: Dat mécht all Land, a groussen Länner mécht all Regioun Efforts’en an déi Richtung. Mir brauchen och net ëmmer „in vorauseilenden Gehorsam“ virun Bréissel anzeknécken. Sou grouss Natiounen wéi Frankräich hunn de leschten 22. Dezember an der Assemblée Nationale e Gesetz gestëmmt, wou se den Asatz bis 2020 vun 40% franséischen Liewensmëttel an de Kantinnen beschloss hunn.

Dofir hunn mir eng Rei Virschléi matbruecht, déi mir hei op den Dësch wëllen leeën.

  1. Mir mengen, datt sou séier wéi méiglech déi gesetzlech Bestëmmungen vun den Ausschreiwungen missten sou ugepasst ginn, datt tatsächlech d’Lëtzebuerger Produkter praktesch automatesch den Virzuch kréien.

Dofir ass den Landwirtschaftsministère am Gang Virschléi auszeschaffen, wéi en d’Kantinnen kënnt dozou animéieren, fir Lëtzebuerger Produkter anzesetzen. Eng gesetzlech Regelung kann awer nëmmen zum Erfolleg féieren, wann déi ganz Filière agebonnen ass, wat eiser Meenung no zur Zäit nëmmen ongenügend de Fall ass. Eleng iwwer Virschrëften, Obligatiounen an Kontrollen ass dat do net ze regelen.

  1. Gesetzlech Bestëmmungen riskéieren net agehale ze ginn vun Leit, déi net motivéiert sinn. Dofir ass et onbedéngt noutwenneg, groussen Wäert op Sensibiliséierung ze leeën, Sensibiliséierung vun de Bedreiwer vun den Kantinnen, vun den Käch an och vun den Decideuren. Et ass nun emol sou, datt méi net-Lëtzebuerger an den Kantinnen schaffen a kachen wéi Lëtzebuerger, an déi Leit hunn eben den Zock net fir einheimisch Produkter, well si déi zum Deel och guer net kennen. En Deel vun der Sensibiliséierungsaarbecht ass eng direkt Virstellung vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an den jeeweilegen Kantinnen, net nëmmen fir d’Bedreiwer, mais och fir d’Cliente vun der Kantin.
  2. Mir mussen opraumen mat dem Argument „Mir géifen jo gären Lëtzebuerger Produkter huelen, mee et sënn keng do“. Dat ass net richteg, zumindest fir déi grouss Produkter wéi Mëllech an Fleesch an Brout. Hei sinn eng Rei vu Moossnahmen ze treffen, fir d‘Adéquation zwëschen Offer an Demande ze förderen:

3.1. Moossnahmen um Niveau vun den Kantinnen

  • D’Regel muss eng dezentraliséiert Organisatioun sinn, wou net all Kantinnen am Land den selwechten Dag dat selwecht Stéck Fleesch um Menü hunn!
  • Wann ee wëllt mat frëschen Produkter schaffen, dann mussen d’Kantinnen sou konzipéiert an equipéiert sinn, datt se dat kënnen maachen (Killschief, Maschinnen, …)
  • Wann een wëllt frësch an saisonal Produkter verschaffen, da muss een och ee Kach hunn, deen déi adequat Formatioun huet, an och bëssen Spaass an Kreativitéit an seng Aarbecht eran bréngt.

3.2 Moossnahmen um Niveau vun den Produzenten

  • Doduerch datt méi en groussen Asatz vun regionalen an lokalen Produkter garantéiert gëtt, kënnen sich d’Betriber méi un en regionalen Ofsaz upassen an verschidden Produktiounen kënnen ausgebaut oder nei opgebaut ginn. An den groussen Produktiounen kënnen Molkereien, Schluechthaiser an Bäckereien Produkter op Mooss ubidden, an bei deenen Produkter wou net genuch Ugebot do ass, kënnen Baueren, Wënzer a Gäertner nei Produktiounen resp. Filièren opbauen.
  • Besonnesch bei den defizitären Produkter mussen mir Betriber begleeden, andeems mir se beroden wat d’Produktiounsmethoden ugeet, an hinnen gegebenenfalls finanziell Ënnerstëtzung ginn fir néideg Investissementer net nëmmen fir d’Produktioun, mee och fir den Conditionnement, resp. d’Logistik.

3.3 Moossnahmen um Niveau vun der Filière

Mir sinn der Meenung, datt Reglementer eleng net duer ginn, mee datt mir zousätzlech mussen eng Plattforme d’échange ariichten, wou d’Bedürfnisser engersäits vun der Restauration collective verstanen ginn, an op der anerer Säit d’Contrainten vun der Produktioun duergestallt ginn, mat dem Ziel fir déi 2 zesummen ze bréngen. Mir schloen dofir vir, sou eng Plattform an der LWK ze organiséieren (producteurs, transformateurs, distributeurs, utilisateurs). Dat ass en quelque sorte eng Erweiderung vun eiser Campagne „Sou schmaacht Lëtzebuerg“. Eisen Virschlag wier fir dofir eng Persoun z’engagéieren an engem Pilot-Projekt vun 3 Joer mat engem Finanzement vum Landwirtschaftsministère. Dës Persoun soll souwuel eng Berodungsfunktioun hunn, haaptsächlech fir d’Betriber aus dem Agrarsecteur, wéi och eng Missioun als „matcher“, fir Leit vun der Landwirtschaft mat Leit vun der Restauratioun collective zesummen ze bréngen (ouni awer selwer commerce ze maachen). Säin Ziel soll sënn, déi 2 Säiten ze beroden, sou datt d’Produkt an d’Kantin passt, respektiv, datt d’Kantin seng Bestellung sou gestallten kann, datt Lëtzebuerger Produkter dohin passen.

  1. Mir mussen och opraumen mat der Meenung, Lëtzebuerger Produkter wären souvills méi deier an könnten dofir net an d’Kantinnen kommen.
  • Mir ginn jo dovun aus, datt eisen Staat seng Bierger, a besonnesch déi, déi ënner senger Ophutt stinn, wéi Kanner, wéi eeler Leit an wéi krank Leit, och léiwer mat héichwäertegen frëschen Produkter versuergt, als wéi mat Industriekascht, deen zum Deel duerch d’Hallef Welt kutschéiert gouf.
  • Wann mir an dem Land, wat mat déi héchsten Gehälter op der Welt huet, wëllen eis Leit mat den bëllegsten Liewensmëttel versuergen, dann maachen mir net nëmmen d’Landwirtschaft futti: Mir duerfen jo net vergiessen, datt och den Aarbechtsloun den am Iessen stécht, zu den héchsten an Europa gehéiert, datt déi Ëmwelt- an Naturschutzcontrainten zu den héchsten an Europa gehéieren, asw.
  • D’Fro sief duerfir och gestallt, ob et tatsächlech net noutwendeg wär, e bësschen méi finanziell Moyens fir d’Iessen an de Schoulen, Spideeler oder Altersheimer zur Verfügung ze stellen. D’öffentlech Hand tätegt vill Ausgaben – sënnvoll a nëtzlech wär et sécher, fir och fir d’Iessen e puer Euro méi auszeginn.
  • Ofgesinn vun dësen prinzipiellen Iwwerleeungen iwwer Qualitéit an ekonomescht Ëmfeld, ass et sou, datt Studien am Ausland kloer beleeën, datt wann een déi ganz Saach clever ugeet, d’Präisdifferenz eng ganz kleng ass an duerch d’Avantagen vun der Proximitéit an vun der Saisonnalitéit erëm ausgeglach gëtt.

En conclusion, mir sinn iwwerzeegt, datt de Beräich vun der öffentlecher, kollektiver Restauratioun e ganz wichtegen fir d’Zukunft vun der Landwirtschaft a vum Agro-alimentaire zu Lëtzebuerg ass, an mir fuerderen Eech op, mat äis zesummen, deen ze entwéckelen.

Mir soen Merci