Bei engem gudde Maufel huet d’Bauerenzentral hire Kandidate fir d’Kammerwalen Merci gesot. Am Laf vum Owend ass och de Bilan vun de Wale gezu ginn an all Kandidat huet e klenge perséinleche „Merci“ krut.
WeiterlesenKategorie: Bauernzentrale/Centrale Paysanne
GUY FEYDER BEI DE KAMMERWALE PLEBISZITÉIERT
De „Président sortant“ vun der Landwirtschaftskammer hut bei de Wale mat 2.345 Stëmmen mat Ofstand déi meeschte krut. Den 2. an 3. Gewielten am Total, Marc Fisch a Christian Wester, kommen op 1.918 resp. 1.893 Stëmmen. Op d’Lëschte gekuckt bléift d’Centrale Paysanne mat 39,54% vun de Stëmmen Nummer 1 a kënnt op 6 Sëtz. Am Verglach mat de Wale virun 10 Joer verléiert si awer 2 Sëtz. Aktiv Bauere kommen op 33,24% (5 Sëtz) an FLB-Allianz op 27,22% (4 Sëtz). D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wäert an […]
WeiterlesenLËSCHT 2 BEI DE WALEN
Esou lues geet et an den Endspurt bei de Wale fir an d’Landwirtschaftskammer. Denkt drun, dass äre Walziedel bis spéitstens e Mëttwoch 13. Mäerz muss gestempelt ginn. All Walziedel, deen nom 13. Mäerz gestempelt ass, zielt net. D’Lëscht 2 ass d’Lëscht vun der Bauerenzentral: Är Stëmm fir eng seriös Vertriedung vun de landwirtschaftlechen Interessen.
WeiterlesenD’BAUERENZENTRAL BEIM ËMWELTMINISTER
Eng Delegatioun vun der Bauerenzentral huet sech um Mëttwoch mam Ëmweltminister Serge Wilmes getraff. An de Gespréicher goung et ëm d’Nitratdirektiv, Upassungen um Naturschutzgesetz, Kommodo/Inkommodo vun de Bauerebetriber, Ofdeckunge bei de Güllebehälter an d’Opstelle vu PV-Anlagen an aner Theme méi. An enger agreabeler Atmosphäre huet de Minister betount, dass een d’Suerge vun de Bauere ganz eescht géif huelen a gemeinsam mat Secteur géif no praxisorientéierte Léisunge sichen. D’Bauerenzentral ass nom Treffen optimistesch gewiescht, dass nom d’Regierungswiessel erëm eng besser Zesummenaarbecht méiglech ass. #MirLieweLandwirtschaft
Weiterlesen[VIDEO] DE CHRISTIAN WESTER NOM LANDWIRTSCHAFTSDËSCH
De Christian Wester huet als President d’Bauerenzentral um 1. Landwirtschaftsdësch den 3. Mäerz um Schlass zu Senneng vertratt. Am Video verréit hien, wat vun dëser Reunioun zeréckzebehalen ass. Klickt op d’Bild fir de Video ze kucken. #MirLieweLandwirtschaft
WeiterlesenWICHTEG HIWEISER ZU DE KAMMERWALEN
Dëser Deeg misst all Walberechtegten säin Ziedel fir d’Walen zur Landwirtschaftskammer krut hunn. Do derbäi léit och en Ziedel, wéi de Wieler säin Ziedel muss ausfëllen, dass e valabel ass. Mir wëllen hei op verschidde Punkten hiweisen, déi villäicht net ganz kloer eriwwer kommen:
WeiterlesenD’WALZIEDELE SINN ERAUS
Verschidde Léit hu sech gewonnert, dass hire Walziedel fir d’Kammerwalen nach net ukomm ass. Wéi mir gewuer gi sinn, huet de Landwirtschaftsministère d’Ziedelen e Freideg, 1. Mäerz fortgeschéckt. D’Walziedelen dierften also e Méindeg oder Dënschdeg bei jidderengem ukommen. Erënnere mir drun, dass et eng reng Bréifwal ass an also just esou kal gewielt ginn. Och mussen d’Enveloppe virum (!) 14. Mäerz an der Post sinn (de Poststempel zielt). #MirLieweLandwirtschaft
WeiterlesenRaps-Prognoseticker vom 26.2.2024
Foto: Philippe Gauche
WeiterlesenEIS KANDIDATEN AM VIDEO
Dir wëllt eis Kandidate besser kenneléieren? Ma dat klickt hei op eiser Internetsäit op de Button op der rietser Säit „Landwirtschaftskammerwalen ’24” an do ob de Menüspunkt Videos. Bis ugangs Mäerz gëtt all Dag en neie Video publizéiert.
WeiterlesenWann den RTBF bei d’Bauerenzentral kënnt …
De belsche Radio RTBF huet viru kuerzem bei eisem Präsident de Bols vun de Lëtzebuerger Bauere gefillt. Wann dir wësse wëllt, wat en erzielt huet, da klickt op de Link fir den Artikel ganz ze liese:. https://www.rtbf.be/article/grogne-agricole-les-agriculteurs-luxembourgeois-restent-muets-mais-se-disent-solidaires-11322585
Weiterlesen