Esou lues geet et an den Endspurt bei de Wale fir an d’Landwirtschaftskammer. Denkt drun, dass äre Walziedel bis spéitstens e Mëttwoch 13. Mäerz muss gestempelt ginn. All Walziedel, deen nom 13. Mäerz gestempelt ass, zielt net. D’Lëscht 2 ass d’Lëscht vun der Bauerenzentral: Är Stëmm fir eng seriös Vertriedung vun de landwirtschaftlechen Interessen.
WeiterlesenLetzte Beiträge
Raps-Prognoseticker vom 8. März 2024
Sentinelle Raps vom 4. März 2024
Foto: Helmut Lui
WeiterlesenD’BAUERENZENTRAL BEIM ËMWELTMINISTER
Eng Delegatioun vun der Bauerenzentral huet sech um Mëttwoch mam Ëmweltminister Serge Wilmes getraff. An de Gespréicher goung et ëm d’Nitratdirektiv, Upassungen um Naturschutzgesetz, Kommodo/Inkommodo vun de Bauerebetriber, Ofdeckunge bei de Güllebehälter an d’Opstelle vu PV-Anlagen an aner Theme méi. An enger agreabeler Atmosphäre huet de Minister betount, dass een d’Suerge vun de Bauere ganz eescht géif huelen a gemeinsam mat Secteur géif no praxisorientéierte Léisunge sichen. D’Bauerenzentral ass nom Treffen optimistesch gewiescht, dass nom d’Regierungswiessel erëm eng besser Zesummenaarbecht méiglech ass. #MirLieweLandwirtschaft
Weiterlesen[VIDEO] DE CHRISTIAN WESTER NOM LANDWIRTSCHAFTSDËSCH
De Christian Wester huet als President d’Bauerenzentral um 1. Landwirtschaftsdësch den 3. Mäerz um Schlass zu Senneng vertratt. Am Video verréit hien, wat vun dëser Reunioun zeréckzebehalen ass. Klickt op d’Bild fir de Video ze kucken. #MirLieweLandwirtschaft
WeiterlesenWICHTEG HIWEISER ZU DE KAMMERWALEN
Dëser Deeg misst all Walberechtegten säin Ziedel fir d’Walen zur Landwirtschaftskammer krut hunn. Do derbäi léit och en Ziedel, wéi de Wieler säin Ziedel muss ausfëllen, dass e valabel ass. Mir wëllen hei op verschidde Punkten hiweisen, déi villäicht net ganz kloer eriwwer kommen:
WeiterlesenD’WALZIEDELE SINN ERAUS
Verschidde Léit hu sech gewonnert, dass hire Walziedel fir d’Kammerwalen nach net ukomm ass. Wéi mir gewuer gi sinn, huet de Landwirtschaftsministère d’Ziedelen e Freideg, 1. Mäerz fortgeschéckt. D’Walziedelen dierften also e Méindeg oder Dënschdeg bei jidderengem ukommen. Erënnere mir drun, dass et eng reng Bréifwal ass an also just esou kal gewielt ginn. Och mussen d’Enveloppe virum (!) 14. Mäerz an der Post sinn (de Poststempel zielt). #MirLieweLandwirtschaft
WeiterlesenSentinelle Raps vom 29. Februar 2024
Foto: Helmut Lui
WeiterlesenRaps-Prognoseticker vom 26.2.2024
Foto: Philippe Gauche
Weiterlesen