Am Kader vun der Foire Agricole hat d’Centrale Paysanne d’Initiativ ergraff, fir um Freideg Gewerkschaftsvertrieder aus der ganzer Groussregioun op eng Konferenz iwwert déi nei GAP zesumme mat engem Vertrieder vun der DG Agri vu Bréissel, dem Här Barthélémy Lanos ze invitéieren. Kolleegen aus der Lorraine, der Wallonie, Ostbelgien, dem Rheinland an dem Saarland waren der Invitatioun nokomm. D’Konferenz, déi op franséisch war, gouf simultan iwwersat. Jidderee war duerno der Meenung, dass den Austausch iwwert d’Grenzen eraus soll oprecht gehale ginn.
Foto: Romain Heckemanns





