GUY FEYDER BEI DE KAMMERWALE PLEBISZITÉIERT

De „Président sortant“ vun der Landwirtschaftskammer hut bei de Wale mat 2.345 Stëmmen mat Ofstand déi meeschte krut. Den 2. an 3. Gewielten am Total, Marc Fisch a Christian Wester, kommen op 1.918 resp. 1.893 Stëmmen.

Op d’Lëschte gekuckt bléift d’Centrale Paysanne mat 39,54% vun de Stëmmen Nummer 1 a kënnt op 6 Sëtz. Am Verglach mat de Wale virun 10 Joer verléiert si awer 2 Sëtz. Aktiv Bauere kommen op 33,24% (5 Sëtz) an FLB-Allianz op 27,22% (4 Sëtz).

D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wäert an den nächsten Deeg déi gewielte Kandidaten op d’Assemblée constituante vun der neier Kammer invitéieren.

Déi Gewielte vun der Bauerenzentral: Guy Feyder, Marc Fisch, Christian Wester, Nora Feyder, Marc Nicolay a Romain Weirich. Ersatzmemberen: Sam Mille, Romain Freichel, Felix Miny, Joé Biver, Nicole Lafleur-Rennel a Jeff Schroeder.

#MieLieweLandwirtschaft

(de g. à dr.) Marc Fisch, membre du Comité de direction, Chambre d’africulture ; Pol Gantenbein, secrétaire général, Chambre d’agriculture ; Guy Feyder, président du Comité de direction, Chambre d’agriculture