D’BAUERENZENTRAL BEIM ËMWELTMINISTER

 Eng Delegatioun vun der Bauerenzentral huet sech um Mëttwoch mam Ëmweltminister Serge Wilmes getraff. An de Gespréicher goung et ëm d’Nitratdirektiv, Upassungen um Naturschutzgesetz, Kommodo/Inkommodo vun de Bauerebetriber,  Ofdeckunge bei de Güllebehälter an d’Opstelle vu PV-Anlagen an aner Theme méi.

An enger agreabeler Atmosphäre  huet de Minister betount, dass een d’Suerge vun de Bauere ganz eescht géif huelen a gemeinsam mat Secteur géif no praxisorientéierte Léisunge sichen.  D’Bauerenzentral ass nom Treffen optimistesch gewiescht, dass nom d’Regierungswiessel erëm eng besser Zesummenaarbecht  méiglech ass.

#MirLieweLandwirtschaft