WICHTEG HIWEISER ZU DE KAMMERWALEN

Dëser Deeg misst all Walberechtegten säin Ziedel fir d’Walen zur Landwirtschaftskammer krut hunn. Do derbäi léit och en Ziedel, wéi de Wieler säin Ziedel muss ausfëllen, dass e valabel ass.

Mir wëllen hei op verschidde Punkten hiweisen, déi villäicht net ganz kloer eriwwer kommen:

  • All Wieler huet 30 Stëmmen. E kann entweder de Krees iwwert enger vun de Lëschte schwärzen ODER e Kräiz dra maachen ODER e verdeelt seng 30 Stëmmen op déi Kandidaten, wou hie wëll, mat maximal 2 Stëmme pro Kandidat. Also zum Beispill 15 Kandidaten, déi all 2 Stëmme kréien. Méiglech ass awer och zum Beispill, 10 Kandidate jee zwou Stëmmen ze ginn an 10 anere jeeweils 1. Et gin nach aner Méiglechkeeten.
  • Wéi bei de Gemengen- an Nationalwalen däerf den Ziedel NET erkenntlech gemaach ginn (duerch eng Notiz, Ënnerschrëft oder soss eppes).
  • Wann ee fäerdeg gewielt huet, stécht een den Ziedel an déi kleng Enveloppe, déi derbäi louch, a pecht se zou. Déi gëtt dann an déi grouss gestach, déi och zougepecht gëtt. Déi grouss Enveloppe gëtt op der viischter Säit  ënnert den „No de l’électeur“ ënnerschriwwen – awer just do! Da kann d’Enveloppe an d’Post goen. Se muss spéitstens den 13. Mäerz ofgestempelt ginn. De Stempel vun der Post zielt, net wéini dass d’Enveloppe ukënnt.