NEIJOERSCHPATT FIR D’PERSONAL VUN DER BAUERENZENTRAL

Viru kuerzem hat d’Direktioun vun der Bauerenzentral/Groupe Cepal an hire Raimlechkeeten op den Neijoerschpatt fir d’Personal gelueden. Ënnert den Invitéeë waren och e puer vun den Auteure vum Lëtzebuerger Bauerekalenner, dee bei där Geleeënheet offiziell virgestallt ginn ass. No de Wënsch fir dat neit Joer sinn a geselleger Ronn nach e puer flott Amenter matenee verbruecht ginn.

Foto: Helmut Lui