250 BAUEREN AN DER STAD

Fir d’Onzefriddenheet auszedrécken, déi déi gesamt Landwirtschaft am Ament iwwert déi Aart a Weis verspiert, wéi mat hier ëmgesprongen gëtt – an éischter Linn en Vue vum neien Agrargesetz – waren eng ganz Rei landwirtschaftlech Vertriedungen, ënnert deenen och d’Centrale Paysanne an de Service Jeunesse , um Dënschdegmëtteg virun d’Chamber gezunn. Ënnert dem Stréch waren herno ouni grouss Opriff am Virfeld eng 250 Léit present, a wat immens wichteg ass, och eng ganz grouss Zuel u Medievertrieder. 

De Guy Feyder huet virun enger ganzer Rei Ministeren an Deputéierten eis Suergen zum Ausdrock bruecht. Leider ass de Landwirtschaftsminister Claude Haagen réischt deen Ament opgetaucht, wou d’Ried schonn eriwwer war …

De Secteur wäert dem Minister Géigevirschléi zum aktuelle Gesetzesprojet virleeën. A mir erwaarden, dass de Minister déi och sérieux a Consideratioun zitt. Well mir ginn eis net …

Méi e Freideg, de 14. Oktober, am neien „De Letzeburger Bauer“

#mirliewelandwirtschaft