NACH ASS DEN ZEITUNGSSTÄNNER EIDEL …

… mee e Freideg ännert sech dat.

Dann ass „De Letzeburger Bauer“ déi 1. Kéier an der Geschicht an 8 Geschäfter vun „De Verband“ an der Eenzelnummer ze kafen.

Themen an der Nummer vun dëser Woch sinn ënnert anerem:

– E Réckbléck ob d’Erntegespréicher mam Minister Romain Schneider

– E Gespréich mat der Rieslingskinnigin

– D’Erënnerung un en Opstand vun de Schierener Baueren

– D’Lëtzebuerger Aktualitéit am Reitsport

Sidd Dir net abonnéiert? Da maacht Iech béi a séchert iech an engem vun den 8 Geschäfter (V-Shop) en Exemplaire.