1. Sëtzung vum nei gewielte Comité

Den neie President Christian Wester hat viru kuerzem den neie Comité fir eng 1. Sëtzung zesumme geruff. Als 1. Vizepresident steet him de Marc Fisch zur Säit, als 2. Vizepresident de Guy Feyder. Déi eenzel Regioune gi vertrueden duerch den Eric Pesch (Kantoner Lëtzebuerg, Esch a Capellen), Marc Kohll (Réimech, Gréiwemaacher an Iechternach), Felix Miny (Miersch, Réiden an Dikrech) an Antoinette Reiff (Wolz, Klierf a Veianen). De Comité completéieren d’Apolline Hoffmann als Vertriederin vum SAF (Activités Féminines) an de Joé Biever (Service Jeunesse).

Op der Foto erkennt een hannen (jeeweils vu lénks) Felix Miny, Eric Pesch, Christian Wester a Guy Feyder. An der viischter Rei sti Joé Biver, Marc Fisch, Antoinette Reiff an Apolline Hoffmann.

Fir dës 1. Sëtzung hat de Marc Kohll sech missen ofmellen.