Seminaire iwwer Installéierung vun de jonke Baueren

E Mëttwoch den Owend huet zu Mäerzeg e Seminaire zum Thema „Installéierung vun de jonke Baueren“ stattfonnt, woubäi et haaptsächlech iwwer d’Betribsiwwernahm souwéi d’Betribsgrënnung am Kader vum Agrargesetz goung.

Dëse Seminaire ass an Zesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Bauerejugend, der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, der Landwirtschaftskummer an dem Ministère organiséiert ginn.

Begréissung vum Marc Meyrer

Den President vun der Lëtzebuerger Bauerejugend, Marc Meyrer, huet Begréissung iwwerholl an e puer Wierder zum Thema vum Owend gesot:

„Installéierung: dëst Wuert ass ganz no mam Generatiounswiessel verbonnen. Dofir ass et wichteg, d’Rahmenbedingungen esou ze gestalten, dass Bauerejongen de Beruff vum Bauer, Gäertner oder Wënzer erëm attraktiv fannen an datt deen néidegen Ureiz geschaaf gëtt, fir sech am elterleche Betrib néierzeloossen an sech eng Zukunft opbauen ze kënnen, virun allem wann ee bedenkt, dass den Altersduerchschnëtt europawäit an der Landwirtschaft relativ héich ass. Extrem wichteg bleift de Fortbestand vun enger produktiver Landwirtschaft, déi wéi bis elo héichwäerteg Liewensmëttel produzéiert, déi d’Ëmwelt erhält, zum Klimaschutz bäidréit, an insgesamt zum Wuel vun der Gesellschaft bäidréit.

D’Zukunft vun der Landwirtschaft kann nëmmen dann séchergestallt ginn, wann sech genuch jonk Leit fir dëse Beruff entscheeden. Dofir muss d’Agrargesetz esou ausgeriicht sinn, dass d’Fërderung vun deene Jonken op éischter Plaz steet an fir déi néideg Planungssécherheeten gesuergt ass.

Net nëmmen en ausräichend landwirtschaftlecht Akommes, fir domat eng Famille ernären ze kënnen, muss geséchert sinn, mee och d’Akzeptanz an d’Unerkennung vun der Landwirtschaft an der Bevëlkerung muss gestäerkt ginn.

Eng besser Installéierungspolitik, virun allem am Hibléck op dat nächst Agrargesetz ass onerlässlech. Zum Beispill, fënnt Lëtzebuerger Bauerejugend, wier driwwer nozedenken, fir den Installéierungszäitraum vu 5 op 10 Joer eropzesetzen, fir esou de Spillraum fir d’Weiderentwécklung vun eise Betriber ze vergréisseren.

Fir elo awer net schonn direkt un dat nächst Agrargesetz ze denken: Et ass dringend néideg, dass verschidden Ongereimtheeten am aktuellen Agrargesetz kloergestallt ginn. Sou zum Beispill ass net ganz kloer, wien e Stage muss maachen a wien net. Virun allem wann ee bedenkt, dass d’Aus- a Weiderbildung an der Landwirtschaft enorm wichteg ass, mussen esou Saache gekläert sinn, fir kënnen laangfristeg ze plangen. Och ass eng Installéierung vun engem Jonken an engem Fusiounsbetrib net ëmmer einfach, wat den Undeel vun de Part’en am Betrib ubelaangt. Dëst sinn nëmmen 2 Beispiller, déi mir dem Minister mat op de Wee ginn, fir ze verbesseren. Och si mer der Meenung, dass och d’Berodung muss ausgebaut a verstäerkt ginn an d’Käschten heifir integral iwwerholl mussen ginn. Weider misst d’Zesummenaarbecht tëscht den eenzelen Verwaltunge verbessert an besser koordinéiert ginn.

Am Numm vun den Organisateuren wënschen mir all jonkem Bauer hei bannen vill Gléck an Erfolleg am sengem zukünftege Betrib. An mir hoffen, dass déi Jonk mat dësem Info-Owend déi néideg Informatiounen mat op de Wee kréien, déi si brauchen, fir sech doheem op hirem Betrib ze installéieren.“

Erstinstallierung

No der Begréissung duerch de Marc Meyrer goung et weider mat enger kuerzer Virstellung vum Programm vum Owend, duerch de Marc Fiedler vum SER.

Den éischte Punkt vun der Dagesuerdnung huet de Jacques Krier vun der ASTA virgestallt. Hien ass bäi der ASTA fir “Erstinstallierungen” zoustänneg.

Dono koum d’Anja Kihn vum SER drop ze schwätzen, wat dann e landwirtschaftleche Betrib iwwerhaapt ass, a wien als Betribsleeder ugesinn gëtt. Donieft goufen hei och verschidden Betribsformen virgestallt.

Als drëtt war et de Georges Thewes, och vum SER, deen d’Jongbauerenprimm am Beräich vun den “Direktzahlungen” virgestallt huet. Dës gëtt dobaussen oft mat der “Erstinstallierungsprimm” verwiesselt.

Op d’Weiderbildung an de Stage, déi een am Kader vun der “Erstinstallierung” muss virweisen, koum de Jemp Schmitz vun der Landwirtschaftskummer ze schwätzen, éier de Claude Hermes, Beroder vum SER op de Sujet „Von der Planung zum Projekt“ agaangen ass. Hei geet et ëm den eigentleche Wee vun der “Erstinstallierung”.

No de Virträg konnten d’Interesséiert nach hier perséinlech Froen un d’Riedner stellen, éier de Minister Fernand Etgen alle Leit a speziell de Riedner vum Owend Merci fir wichteg Informatiounen gesot huet. Hien huet och betount, dass hien alles wäert maachen, fir dass déi Jonk beschtméiglech Konditiounen virfannen, fir an e Betrib eranzeklammen.

An enger Serie kennt de „Letzeburger Bauer“ am Detail op déi verschidden Virträg zéreck.