5. Abrëll: Diskussiounsowend mam Bauer Willi

De Service Jeunesse invitéiert all Interesséiert op en Diskussiounsowend mam Bauer Willi iwwer „Das Bild der Bauern“, Mëttwochs, de 5. Abrëll em 20h 15 an de Vitarium um Rouscht.

Liewensmëttelskandaler, EU-Subventiounen, Massentierhaltung: D’Landwirtschaft steet an der Kritik.

D’Bauere gin oft als Hinterwäldler ofgestempelt oder geroden als récksichtslos Naturreiber a Verruff. Awer wat stécht wirklech hannert der Legend vum gierege Bauer? Wien sträicht eis Kéih, recoltéiert eis Kären a pléckt eist Uebst? Wéi kann et sin dass 500 Gramm Katzefudder méi kaschten wéi e ganzt Hong? An Iwwerhaapt: Huet eigentlech jemols e vun eis „emancipéierte Verbraucher“ mat engem Bauer doriwwer geschwat?

Iwwer dëst alles kënt Dir de 5. Abrëll mam Bauer Willi diskutéieren!

Den Dr. Willi Kremer-Schillings as „Bauer aus Leidenschaft und Wutbürger aus Vernunft“. An Däitschland as hien bekannt als Bauer Willi. Hien huet mat sengem Internetbréif „Lieber Verbraucher“ en Nerv getraff. Säitdem gët hien de Baueren eng Stëmm a klärt d’Verbraucher doriwwer op, wéi eng Macht si mat hiren Konsumentscheedungen ausüben kënnen.

De Willi Kremer-Schillings féiert en traditionellen Haff um Nidderrhäin an as zesummen mat sengen Kanner amgangen, d’Iwwernahm vu sengem Betriib ze plangen.

Méi Beiträg vum Bauer Willi fand Dir op senger Internetsäit: www.bauerwilli.com

Service Jeunesse – Lëtzebuerger Bauerejugend