No de Reesen an d’Belsch (Bastogne) an a Frankräich (Metz) bléiwt d’Bauerenzentral fir hiren Ortsdelegéiertendag 2026 hei am Land. De 26. November geet et op Rëmeleng an den déifste Süde vum Land.
Um Programm steet eng Visitt vum Musée des Mines, deen iwwer d’Grenze vum Land eraus bekannt ass an en detailléierten Abléck an dat schwéiert d’Liewe vun de Grouwenaarbechter weist.
Duerno geet et weider op Keel fir e gudde Maufel zesummen ze iessen.
All d’Ortsdelegéierten hunn an der Tëschenzäit den detailléierte Programm krut. Falls dat bei engem net de Fall soll sinn, sou soll hien sech am Sekretariat vun der Bauerenzentral mellen.
#MirLieweLandwirtschaft

